Hamlet

HAMLET – en Theaterstëck vuam Shakespeare fiir 2 Persunnen an 1 Erzieler
Erzieler: Jeannot
Kinnig (= Gespenst – heen ass jo dudd): Gockel
Claudius (ddat ass dem Kinnig séi Brouder – hén ass am Fong lo de Kinnig, well de Claudius jo dudd ass): Gockel
Hamlet (daat ass dem Kinnig, also dem aalen duddige Kinnig, séi Bouf): Percy
Polonius (dem Kinnig séin Oberkämmerer): Gockel
Polonia (dem Polonius sei Duechter): daat kennt am Fong net hei viir
Kinnigin (dem Kinnig sein Fra an dem Hamlet sein Mamm: Gockel
Ophelia (dem Hamlet sein Schwester): Gockel
Laertes (dem Ophelia séi Brouder): Gockel
De Mi-Cuit weist eech de Mëttig en Nordisch Moritat, Kriminal-, a Liebes-geschicht an änem, gemöscht mat philosofischem Gefasels iwert de Sënn a Wärt vuam mönschlichen Liäwen, an däm schlußendlich awer d’Schicksal d’Haaptwuert hot.
Et as en dänisch Geschicht op latein vuam Saxo Grammaticus, dän den Saxophon an di dänisch Rechtschreibung erfond hot.
Den Kinnig vuan den Dänen get vuam Claudius seinem Brouder, dän schoref op den Trun as, ermuerd. De Claudius bestiit d’Kinnigin a gët neie Kinnig. Dem aalen Kinnig sei Jung de jungen Prönz Hamlet wöllt suich rächen, dorfir täuscht en dem Hof Klapsmillen Zustand vir = Geekigkät. Den neien Kinnig mierkt dat, a probiert den Hamlet mat Faalen an Tricken dervuan oofzebrëngen. Den Hamlet kann sich awer mat List an Tücke durich seetzen kann sein Aufgab erföllen.
Teschent dem Polarkräs an der Kieler Förde iert dem Hamlet seinem
Papp sei Gespenst bis, jo bis en op den Hamlet stiist:
Gäst: Ech sën vuan deinem Steipapp , däm heitige Kinnig vuan den Dänen kalbleidig ömbroocht gän. Ech heet gär dat’s de mich rächs
Den Hamlet micht wi wann e geekig wier fir d’Wuricht gewoor ze gän:
Hamlet: geekig
De Polonius, seines Zächens hyperfurwatzigen Oberkämmerer om dänischen Hof, dän alles MÄNT ze wössen, a BESSER MÄNT ze wössen, su zesoen den Herrgott mat der dëcker Ziif MÄNT ze hon:
Polonius: De Prönz hot de Verstand verluer, well hän mein biergerlich Duechter Polonia nët bestuade kann.
D’Kinnigin geséit awer en aner Uersach:
Kinnigin: Mein Hamlettschen trauert bestömmt öm sei Papp an as bestömmt rosen, dat ich mich su sier mam Claudius bestood hon.
De Kinnig awer:
Kinnig: Op dän elo muß ich oppassen, däm trauen ich nët.
De Kinnig sollt recht behaalen well:
Hamlet zu seiner Mamm iwerdäms de Kinnig bät:
Verspreech mer dat’s de dich nët vuan däm lo biischte liss, soss bringen ech en öm.
Hamlet hiert eepes raschelen a brëngt den Polonius amplaaz de Kinnig öm.
Kinnig: Zur Stroof fiers de mam Scheff an England kucken uf ich nët do
sën.
Hämlich: Wann en do as get en ermuerd, da sën ich en fir ëmmer loos.
Op der Räs seet dem Hamlet seinem Papp seint Gespënst zu em:
Gäst: Fuar rem sier häm, well et as en Faal.
Dohäm gët d’Ophelia, grad begruawen, well hat sich erdrunk hat, weenst dem Dudd vuan seinem Papp an dem Wahnsinn vuan seinem geliebten Hamlet.
Dem Ophelia sei Brouder Laertes zopt d’Spëtzt vuan seinem Säbel an Gëft an fuerdert den Hamlet direkt om Kirftich zum Duell. De Claudius suergt fir den Duscht an steelt e Pettchen vergëfte Wéin fir den Hamlet prett, für alle Fälle.
Et gät lo besselche sier, weenst der Dramaturgie vuam Schluß, verstitt der:
Den Laertes verletzt tatsächlich den Hamlet.
D’Kinnigin hot Duuscht an drinkt de vergëfte Wéin a kraatzt mat vill Pomp and Circumstances oof als ischt.
Den Laertes erwöscht an der Hoossel de falsche Säbel an den Hamlet ersäbelt den Laertes, dän, ier en d’Dimensiun vuan der Zeit verlisst, sich hierer nooch bedeint fir dem Hamlet d’Wuricht iwer de Claudius ze soen, dän seinerseits ier en an den Ärem vuan seinem besten Frönd di 4t Dimensiun ebenfalls verlisst, den Dudd vuan seinem Papp rächt.
Dir geséit, dat op dëser Séit vuan der 4ter Dimensiun der Zeit, nët vill Gàast mä ganz vill Fläsch rest bleiwt, a mir sen dermat geploot fir et enner Buedem ze kreien.
RIDEAU